Eng kuerz 150jäereg Geschicht

Ënnert dem Impuls vum Här Henri Lamesch, dee spéider och de Grënner vun der "Société Chorale la Concorde de Bonnevoie" war, ass d'"Société Chorale de Dommeldange" am Joer 1861 als Gesank- a Pompjeesveräin gegrënnt ginn. Pompjeesaktivitéiten hunn awer nëmmen bis 1863 gedauert a goufen du ganz agestallt. Enk verbonne war Chorale mat den Dummeldenger Schmelz- a Schlassbesëtzer Collart, déi eleng 57 Joer Presidentschaft iwwerholl haten an de Veräin finanziell a moralesch ënnersteet hunn. Et waren dest d'Häre Jules Collart (1861-1863), Charles Collart (1863-1910) a Robert Collart (1910-1918). An engem Verkafsakt tëschent dem Här Charles Collart an dem deemolege Gemengerot vun Eech, gouf am Joer 1904 der "Société Chorale Dommeldange" déi al Schoul, Sentier de la Scierie, als Veräinslokal zur Verfügung gestallt a krut domat d'Recht zougeschriwwen, esou laang dran ze bleiwe wéi de Veräin et wëllt. An engem Verkafsakt huet den Här Robert Collart dës Schoul 1953 un d'Gemeng Lëtzebuerg ofgetratt.

Der Chorale hiren éischten Dirigent war den Här Nicolas Beringer, Schoulmeeschter zu Dummeldeng, vun 1854 bis 1889.

Ënnert den Dirigente Jean Müller (1888-1889) a Charles Füssel (1889-1910) hat d'Chorale sech als e formidabele Männerchouer entwéckelt a munnesch éischt, zweet an drëtt Präisser op nationalen an internationale Concours'en ersongen.

Während dem 1. Weltkrich (1914-1918) goufe Veräinsaktivitéite bis 1916 agestallt an am Veräinslokal war eng Vollekskichen ageriicht.

1936 bei Geleeënheet vun hirem 75. Jubileum krut Chorale vun der Groussherzogin Charlotte den Titel "Société Chorale Grand-Ducale Dommeldange" zougesprach.

Wéi 1940 den 2. Weltkrich ausgebrach ass, huet de Veräin seng Aktivitéiten agestallt, ass awer net opgeléist ginn an ass opgefuerdert ginn sämtlech franséisch Chouerstécker esou wéi säi Fändel, dee mat franséischer Schrëft gestéckt war, ofzeliwweren. Op eege Verantwortung vun dem deemolege President Auguste Lamesch ass dat awer net geschitt, esou dass de Veräin am Besetz vu sengem kostbarem Inventar bliwwen ass. No der Befreiung huet de Veräin 1945 seng Aktivitéiten erëm opgeholl an den Opbau vum Männerchouer virugedriwwen, den awer mat de Joeren ëmmer méi mat Nowuessschwieregkeeten an de Männerstëmmen ze kämpfen hat.

Vu 1956 un huet Chorale aner Wéer ageschloen an huet méi dacks mat de Männerchéier vu Schëffleng, Hesper, Alzeng a Märel zesummegeschafft ënnert de geschätzte Leedunge vun de Häre Pierre Nimax an Erny Wilmes. 1959 ass dee bekannte lëtzebuerger Disque opgeholl ginn "Wou d'Uelzecht duerech Wissen zéit"deen d'Chorale zesumme mat de de Männerchéier vu Schëffleng an Hesper ënnert der Leedung vum Pierre Nimax opgeholl huet. Um Programm : "Zwee Kinnékskanner", "Ons Heemecht", "An Amerika" an d"De Lëtzebuerger Greechen".

1978 hun die Verantwortlech ënnert dem Impuls vun hirem President Edmond Schwarz an hirem Dirigent Erny Wilmes de Männerchouer an  e gemëschte 4 stëmmege  Chouer ze wandelen, esou wéi Chorale nach haut besteet.

Fondateur

Henri Lamesch 1861

Ons Präsidente

Jules Collart (1861-1863)

Charles Collart (1863-1910)

Robert Collart (1910-1918)

Henri Heymanns (1918)

Auguste Lamesch (1918-1964)

Nicolas Kollwelter (1964-1973)

Edmond Schwarz (1973-1985)

Raymond Strasser (1985-1992)

François Reuter (1992-2013)

Pierre Legille (2013-)

Ons Dirigenten

Nicolas Beringer (1861-1888)

Jean Müller (1888-1899)

Charles Füssel (1899-1910)

J.A. Müller (1910-1915)

Pierre Thorn (1918-1930)

Emile Majerus (1930-1954)

Jos Kinzé (1954-1955)

Pierre Nimax (1956-1961)

Pierre Drauth (1962-1963)

Emile Burggraff (1963-1965)

Erny Wilmes (1966-1979)

Georges Schumacher (1979-1985)

Sylvie Jacobs (1985-1991)

Elisabeth Schmit (1991-2006)

Jean Gehlen (2006-2013)

Michel Ronkar (zënnter 2013)